D´Medienportal fir de MINT-Unterricht bitt gratis Material fir Fächer a Beruffer aus dem Beräich Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaft an Technik. De Site bitt Material op Däitsch, Englesch a Spuenesch un. Et fënnt een interaktiv Léier- a Wëssensmedien, wéi zum Beispill: Experimenter, Rätsel, Tester, Léierspiller an Erklär-Videoen. Ausserdeem gëtt et och e Beräich mat Unterrechtsmethoden. De Site ass esou opgebaut, dass ee Medienpakete oder Eenzelmedien zu engem Thema siche kann. Mediepakete enthale Biller, Interaktives, Videoen, Texter, Aarbechtsblieder a Websäiten zu engem Thema. Interessant sinn déi kleng Experimenter a praktesch Aufgabe fir doheem, et ass genau ugi wéi ee Material een dofir brauch an et ginn och Aufgaben an Aarbechtsblieder dozou.
Ce contenu est réservé aux élèves et enseignant(e)s. Veuillez vous connecter ci-dessous.
Si vous avez des questions ou désirez profiter d’un suivi psychologique, vous pouvez contacter le service d’assistance au numéro suivant : 8002 9090 ou utiliser le formulaire en ligne suivant :