CNL

Auteure liese fir Jonker

CNL – Lëtzebuerger Literaturarchiv – youtube-Channel fir Literatur

D’Kanner- a Jugendliteratur aus Lëtzebuerg kënnt heem bei Iech.

De Jo Lendle, Hanser-Editeur, huet iwwert d’Liesen wärend dem Covid-19 gesot: »Zeit für Bilderbücher, Kinderbücher, Jugendbücher. Gelegenheit für eine Alphabetisierungswelle, wie es seit Harry Potter keine gab.« (SZ, 18.03.2020)

De Centre national de littérature – Lëtzebuerger Literaturarchiv deelt déi Meenung a wënscht sech datt Kanner a Jugendlecher, déi elo doheem bleiwe mussen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. D’Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an d’Illustrateuren hunn an de leschte Jore spannend Geschichten am Original an an Iwwersetzung virgeluecht. Zesumme mat hinnen an hiren Editeure wëlle mir Iech elo déi Literatur méi no bréngen - mat Liesungen.

Dofir hu mir elo e youtube-Channel ageriicht:

https://www.youtube.com/channel/UC0iD4qteiFZy5iRlRG0pwxQ oder sichen op youtube mat »CNL Literaturarchiv«

Mir leeën onse Schwéierpunkt an enger éischter Etapp op d’Literatur fir Kanner a Jugendlecher. Mir wëlle bewosst kee Livestream maachen, fir den Oflaf vum Alldag bei de Kanner net virzestrukturéieren oder ze ënnerbriechen, wann Hausaufgabe solle gemaach ginn. Mir hunn ons och fir youtube entscheet, well net jiddereen op Facebook ass. An natierlech sinn d’Liesungen als kannergerecht vermierkt.

De Programm riicht sech un déi ganz Kleng, awer och u Jugendlecher, also vum Cycle 1 bis an de Secondaire. Virgelies ginn Texter op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Eng sëlleche Geschichte si bekannt, well se och am Lies a Fléi – de Katalog recommandéiert ginn. De CNL beméit sech och, zesumme mam Educatiounsministère, Auteuren ze bieden ze liesen, déi gären och an d’Schoule liese gaange sinn.

De CNL – Lëtzebuerger Literaturarchiv huet Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller an hir Editeuren ugeschriwwen a se agelueden, matzemaachen. Dës Initiativ versteet sech och als e modeste Bäitrag, ons Auteure finanziell ze ënnerstëtzen an och d’Editeuren, bei deenen d’Rechter leien. Och wëlle mir d’Lieserinnen an d’Lieser encouragéieren, weider Geschichten ze entdecken, andeems mir Extraiten aus Bicher sichen, déi nach um Marché disponibel sinn an déi direkt bei de Librairië bestallt kënne ginn.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: