D’Schülerin/de Schüler produzéiert hiren/säin eegenen Trickfilm zum Thema ,,Berufer‘‘.
D’Aufgabestellung wier: Denk dir eng witzeg, wichteg, spannend Szen aus dem Alldag vum ausgewielte Beruff aus an iwwerlee dir eng kleng Geschicht dozou
Änlech wéi bei engem Daumenkino gi bei StopMotion e puer Fotoe schnell hannerteneen ofgespillt.
Wa méiglech, kënnen d’Trickfilmer am Team produzéiert ginn. Folgend Rolle kënnen dobäi verdeelt ginn: 1-2 Persoune beweegen d’Figuren, 1 Persoun mëscht d’Fotoen, 1 Persoun iwwerfëllt d’Regie. Den Toun (Sproch, Geräischer, Musek) gi méi spéit dobäi gefügt. Selbstverständlech kann och all Aufgab vun enger eenzeger Persoun iwwerholl ginn.
Tablett
Stopmotion App
Lego, Playmobil
(Heiansdo geet och Pabeier an eng Schéier duer)
Stativ (Dat muss net héichwäerteg sinn, wichteg ass et, dass d’Kamera ëmmer op der selwechter Plaz steet. Mat e bësse Fantasie ass Villes méiglech.)
Am Ufank soll een net ze vill Saache gläichzäiteg beweegen a sech op 1-2 Figure konzentréieren. De Film soll ee mat 4-6 Biller pro Sekonn ofspillen, je nodeem wéi genau d’Figure beweegt goufen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: