Aktualitéiten

Art Challenge IV: Fréijoer, Summer, Sonneschäin, Liicht a Schiet

Hanna Stsiapanava / Shutterstock.com
12/05/2020

Fir den Engagement, d’Kreativitéit an d’Motivatioun vun de SchülerInnen (EF, ES) ze promouvéieren an z’ënnerstëtzen, lancéiert d’Equipe vum Internetsite eduart.lu de 4. Konschtchallenge Fréijoer, Summer, Sonneschäin, Liicht a Schiet a proposéiert dir dech weider vu klengen, onscheinbare Saache faszinéiere loossen.

Alles wat’s du dofir brauchs ass eng Handyskamera, Alldagsgéigestänn, e gutt Liicht a kreativ Iddien. Et gi bal keng Grenzen, denger Fantasie kanns du fräie Laf loossen. Sich der een oder méi Alldagsgéigestänn aus an inzeenéier se, andeems du spannend Schiet-/Liichteffekter mat denger Kamera festhäls. Des Effekter kriss de duerch haart Liicht (Sonneliicht, Blëtzliicht, Bürosluucht, Täscheluucht, Smartphoneluucht).

Stell eng Fotoserie zesummen, déi aus 3 ënnerschiddleche Fotografië besteet déi a Verbindung zouenee stinn:

Foto 1: Een oder méi Géigestänn mat spannende Schiet-/Liichteffekter.

Foto 2: Een Deel vun dir mat oder ouni den (déi) ausgesichte Géigestänn.

Foto 3: Du (däin Uewerkierper) mat engem vun den ausgesichte Géigestänn.

Hei puer Tipps fir d’Gestalten: Wéi eng Géigestänn werfen een interessante Schiet? Wéi kann ech d‘Opmierksamkeet op mäi Motiv riichten?

Benenn deng Biller: Däi Numm_Titel_Nummer (1, 2 an 3) a schéck se bis spéitstens den 18. Mee 2020 un eduart@men.lu.

En Dokument mam detailléierten Aarbechtsoptrag fënns du ënnen op der Säit.

 

eduart.lu

Den Internetsite eduart.lu ass di offiziell Plattform fir Konschtunterrecht zu Lëtzebuerg (ESC an ESG) a proposéiert dem Public, SchülerInnen a Léierpersonal, souwéi all anere Konschtintresséierten eng Vitrinn déi all méiglech Facettë vum Fach regroupéiert.

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: