Aktualitéiten

Challenge: Recycling doheem

279photo Studio / Shutterstock.com
14/05/2020

Déi natierlech Ressourcë vum Planéit si limitéiert a kennen net onendlech ofgebaut ginn. Dofir gëtt ëmmer méi probéiert ze vermeiden datt dës verschwent ginn. Eng Méiglechkeet ass, déi bestoend Ressourcen ëmmer erëm op e neits ze benotzen. Dëst ass méiglech, andeems een esou gutt et geet säin Offall getrennt sammelt. Esou kennen des Materialien da recycléiert ginn an aus alem Material kann neit Material hiergestallt ginn. Wa méiglechst vill Leit beim Recycléieren hëllefen, kann esou de Verbrauch vun natierleche Ressource gebremst ginn.

Dofir elo d’Fro un dech: Wéi sollt denger Meenung no doheem den Offall gesammelt gi fir datt en dono ka recycléiert ginn?

Bei dëser Challenge geet et dorëms datt s du ee Plakat erstells an eis weis, wéi denger Meenung no doheem den Offall soll richteg getrennt a gesammelt ginn.

Jiddwer SchülerIn vum Cycle 1 bis op 1ère ka bei dëser Challenge matmaachen.

 
Et ass elo un dir
  • Kuck mol fir d‘éischt bei iech doheem wou d‘Poubellë stinn. Stinn do och Recyclingskëschten? A wann jo, wat gëtt gesammelt a wéi gëtt et getrennt? Hutt dir dofir eng bestëmmte Sammelplaz doheem, oder gëtt och an de verschidden Zëmmeren den Offall getrennt gesammelt? Bass du zefridde wéi dir doheem recycléiert, oder wéilts du eppes dodrunner verbesseren?
  • Du kenns bestëmmt schonns de Recycling-Zenter bei dir an der Géigend a villäicht gëtt et bei iech och eng Glas- a Pabeiersammlung. Du weess bestëmmt och schonns wat s de bei dir an der Valorluxtuut an an der  Superdreckskëscht kanns sammelen.
    Op folgenden Linken kanns de dech nach eng Kéier doriwwer schlau maachen: www.valorlux.lu, www.sdk.lu.
  • Weider Hannergrondinformatioune firwat et sënnvoll ass ze recycléiere fënns du an der Fiche Arbeitsdokument / Document de travail (ënnen op der Säit).
  • Bréng elo deng Iddie vun dengem idealen #RecyclingDoheem op engem flotte Plakat zesummen.
  • E puer praktesch Tipps, fir e coolt Plakat ze entwerfen, ginn an dësem Video erkläert a sinn och an der Fiche Tipps zur Erstellung eines Plalates / Conseils pour la création d’une affiche (ënnen op der Säit) resüméiert.
  • Maach eng Foto vun dengem Plakat a schéckt se per Email op challenge@script.lu bis den 29. Mee 2020 eran. Vergiess net däin Numm, däin IAM, deng Klass, an däin Alter derbäi ze schreiwen.
  • Vläicht hues du jo elo och Loscht däi Plakat bei ärer Poubelle oder Sammelstatioun doheem op ze hänken?

 

Präis

Gewann fir dech an deng Schoulklass eng Visite bei der SuperDrecksKëscht (esou bal Covid-19 Situatioun dëst erëm erlaabt).

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: