< zeréck
D‘Ouschtervakanz ass schonns eng Zäitchen eriwwer an du hues warscheinlech schonn all Ouschtereeër vernascht.
Éier s du d’Eeërkëschten entsuergs, wëlle mir dech dës Woch alueden beim Mathematik-Challenge mat den Eeërkëschten matzemaachen. Du muss net rechnen, dofir awer däi Kapp ganz schéin ustrengen!
Den Aarbechtsoptrag fënns du am Dokument ënnen op der Säit.
Mir roden dir d’Aufgaben mat richtegen Eeërkëschten an Eeër (oder Pingpong-Bäll, Flummis, etc.) duerchzespillen. Et ass méi einfach, eng Këscht ze dréinen, wéi sech dat am Kapp virzestellen.
A lass geet et: Huel dir eng 6er- Eeërkëscht oder bastel dir eng 8er-Eeërkëscht, andeems du vun enger grousser Eeërkëscht einfach dat ofschneits wat ze vill ass.
Schéck deng Resultater bis den 27. Mee 2020 op mathematic@script.lu. Mir freeën eis schonn drop. Fir d’Gewënner gëtt et eng séiss Iwwerraschung.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: