< zeréck
Nodeems du e puer wichteg mathematesch Schwéierpunkte mat den Dossieren op www.schouldoheem.lu/summerschool widderholl hues, bass du fit fir dee nächste MathleTIC Challenge!
Mir lueden dech an, un der sechster Oplag vum Kapprechen-Challenge vu MathemaTIC deelzehuelen.
De Challenge fënnt Donneschdes, den 10.09.2020, vun 8:00 bis 16:00 op www.mathematic.lu statt.
Bei der fënnefter Oplag vum MathleTIC Challenge hunn 2.550 Schüler 1.868 Stonne laang Kapprechnunge geléist an dobäi 122.682 Stären a 35.268 Medaile gewonnen!
Wärend dem MathleTIC Challenge kanns du tëscht de Modusse „Training“ a „Wettbewerb“ wielen. Du gewënns Punkten andeems du Stären a Medailen sammels. Am Modus „Wettbewerb“ kriss du pro gesammelte Stär an Medail méi Punkten als am „Trainings-Modus“.
Wéi héich wäert däi perséinleche Rekord sinn? Fir um MathleTIC Challenge deelzehuelen, scann einfach de QR-Code of, deen dengem Zyklus entsprécht oder klick op de Link:
Cycle 3
Cycle 4
Cycle Inférieur
http://edulink.lu/fdz8
http://edulink.lu/x1k5
http://edulink.lu/5fdg
Mell dech entweder mat dengem IAM-Code oder mat der Email-Adress IAM@school.lu un, déi och däin IAM-Code enthält.
Wa du däin IAM-Code / Passwuert vergiess hues oder, wann du däi Konto nach net aktivéiert hues, géi op http://edulink.lu/y5ex oder scann dëse QR-Code :
Vergiess net, nom Login däi Smartphone oder Tablet horizontal ze dréien. Bei technesche Problemer benotz d’Chat-Funktioun op der Plattform oder schéck eng E-Mail un mathematic@script.lu.
Zum Schluss vum Challenge ginn 9 Schüler ausgeloust, déi mindestens 20 Minutte laang gerechent hunn.
Mell dech Donneschdes, den 10.09.2020, tëscht 8:00 a 16:00 un an du ziels vläicht zu de gléckleche Gewënner vun engem “Coding Starter Kit“. Méi Informatiounen op www.schouldoheem.lu.
Mir freeën eis op dech!
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: