< zeréck
Den Educatiounsministère huet eng national Lizenz kaaft, déi et den Enseignanten aus dem Fondamental erlaabt, mat hire Klassen Zougrëff op d’Offer vun onilo.de ze kréien.
D’Liesléierportal onilo.de erlaabt et Kanner an Enseignanten, animéiert Billerbicher, sou genannte Boardstories, unhand vun neie Medie souwuel am Unterrecht anzesetzen, wéi och doheem ze entdecken. Déi intuitiv Notzung vum Portal erméiglecht et Kanner och, hir Begeeschterung fir nei Medie mat effikasser Liesfërderung ze kombinéieren.
Pedagogesch wäertvoll Billerbicher aus der Kannerliteratur ginn zu enger Boardstory verschafft, andeem d‘Illustratiounen, déi doraus stamen, animéiert ginn a mat dem dozou passenden Text a Verbindung bruecht ginn. D’Boardstories sinn esou konzipéiert, datt geziilten Animatiounen d’Lies- a Lauschterverständnis ënnerstëtzen an domat d’Freed um Liesen erwächen.
Zousätzlech zu all Boardstory bitt onilo.de vill differenzéiert asetzbaart Material fir d’Weiderveraarbechtung vun de Geschichten. Dës Aufgaben a verschiddenen Differenzéierungsstufe ronnen d’individualiséiert Léieroffer of.
D'Enseignantë kënnen sech mat hirem IAM-Login bei onilo.de aloggen. D'Kanner hunn d’Méiglechkeet, mat engem vun hirem Enseignant fir si erstalltem Schülercode, eng op hire Liesniveau zougeschnidde Boardstory vun doheem aus ze liesen. onilo.de riicht sech u SchülerInne vum Cycle 1, Cycle 2 a Cycle 3.
D’Enseignantë goufen doriwwer informéiert, wéi si fir hir Klass den Zougang op d’Offer ariichten an och de Schüler ee perséinlechen Zougang op eenzel Geschichte vun onilo.de maache kënnen.
Weider Informatioune fannt Dir an dëser Informatiounsbroschür an an dësem Video.
Zum Login: www.onilo.de/luxemburg
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: