Hei fannt Dir eng Iwwersiicht iwwert déi verschidden Online-Coursen, déi de SCRIPT alle Schülerinnen a Schüler aus der Grondschoul, an natierlech och de Léierpersounen an Elteren, déi Loscht an Interessi hunn, ubitt.
16:30 - 17:15 | Zyklus 3, Zyklus 4 Zauberei léieren: ’’Automatesch’’ Kaartentricker 1 Mam David Du hues Zauberei gären an du wëlls och gäre flott Zaubertricker léiren? Ma dann bass du hei richteg! ca. 40 Minutten |
16:30 - 17:00 | Zyklus 1, Zyklus 2 D’Geschicht vum Däumelinchen Mam Annick Dat klassescht Mäerche vum Hans Christian Andersen ass d’Geschicht vun engem klenge Meedchen, dat net méi grouss ewéi en Domm gouf. Dëst Meedche gouf vu jidderengem Däumelinchen genannt. Wat d’Däumelinchen alles an der Natur erlieft huet, a wéi engen Déieren hatt begéint ass, gëtt erzielt an illustréiert mat BilIer op hëlze Kënschtlerpalette gemoolt. Ca. 20 min |
16:30 - 17:00 | Zyklus 3, Zyklus 4 Polardag a Polarnuecht Mam Thierry En Ënnerscheed vun Dag an Nuecht ronderëm d‘Polen. Mir erfuersche spilleresch, wéi a wéini et zu dësen Naturphänomener kënnt. Mir brauchen dofir: 1 Globus oder 1 Orange oder 1 Ball oder soss eng Kugel (am Beschten, wou een drapicke kann), Schaschlikstäbchen oder Zanstocher, Stëft, Täscheluucht, Plastilin. Ca. 30 Min. |
16:30 - 17:00 | Zyklus 1 Yoga fir déi ganz Kleng Mam Eileen Wärend dëser halwer Stonn kanns du zesumme mam Eileen éischt Yoga-Übungen ausprobéieren. Spilleresch léiers du däi ganze Kierper wouer ze huelen. Ca.30 Minutten |
16:30 - 17:15 | Zyklus 3, Zyklus 4 Meng Huckepacktromm Mam Bob Eng Cajón ass méi wéi einfach nëmmen eng Këscht. Et ass e Museksinstrument, fir genee ze sinn eng Tromm fir drop ze sëtzen. Mee et ass souguer méi wéi dat: Eng Cajón ass eng ganz Batterie fir matzehuelen – an natierlech och direkt de Stull fir dobäi! An awer ass dës Huckepacketromm dach eigentlech just eng einfach Këscht!? Ca. 40 min |