Léif Enseignanten, léif Elteren, léif Schülerinnen a Schüler,

Zanter engem Joer hält de Coronavirus déi ganz Welt an Otem. Och an der Schoul hu mer misse léieren, mam Coronavirus ze liewen. Wärend dem Schouljoer 2020/21 ginn d'Coursen zwar zum gréissten Deel nees a Präsenz an am Respekt vun den néidege sanitäre Mesuren ofgehalen, d’Zuelen aus de leschte Wochen bréngen allerdengs mat sech, datt de Präsenzunterricht op en Neits ofgesot gëtt an d’Schoul elo nees fir eng Woch op Distanz lafe gelooss gëtt.

Op eisen Internetsäiten fannt Dir Informatiounen zu de Covid-19-Mesuren an de Schoulen an an de Betreiungsstrukture, doniewt steet Iech eis Helpline fir schoulesch Froen an eng fir psychologesch Froen zur Verfügung. Informatioune fannt Dir hei drënner.

Wa mer eis all nach eemol ustrengen, erreeche mer et hoffentlech, datt mer am Laf vum Joer 2021 rëm zréck an d’Normalitéit fannen a Schoul och rëm do ofgehale ka ginn, wou se higehéiert, nämlech an der Schoul.

Bleift gesond!

 

Claude Meisch

Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: